|
Wousst Dir schonn...
- dass et wichteg as, wann dir am gaang sidd mat bauen Fotoe vun den elektresch a sanitär Uschlëss ze maachen! Sou kënnt Dir duerno ëmmer nokucken, wou d'Réier an der Mauer verlafen.
- dass am "Cahier de Charge" ëmmer nëmmen déi néidegst "Prisen" an der Kiche virgesin sinn! All eenzel "Prise" muss duerno bei de meeschten deier bezuelt ginn. Probéiert dowéinst scho beim "Acte" nach e puer "Prisë" méi auszehandelen, dass mir duerno net spuere mussen!
- dass et ganz wichteg ass, den Usträicher réischt ganz zum Schluss, nom Opbau vun alle Miwwelen, fir "d'Retouchen" kommen ze loossen! Besonnesch wa schwéier Granit Placke mat dobäi si, huet ee ganz schnell mol eng kleng "Bless" op der Tapéit. Sou kann den Usträicher mat wéineg Opwand nach eemol doriwwer sträichen!
- dass et vill Gemenge ginn, déi Primë fir A-Klass Geräter bezuelen! (Spullmaschinn, Wäschmaschinn, Frigidaire an Truhen) Déi Primë leie pro Gerät tëscht 40 an 65 Euro. Frot op ärer Gemeng no a spuert weider Käschten!
Matt dësen A-Klass Geräter senke mir natierlech och den CO2 Ausstouss a schounen heimat net nëmmen eise Portemonnaie, mee och nach eis Natur! Fir A++ Geräter get den "Ministère de l'environnement" elo souguer eng eemoleg Prime bis zu 150 Euro beim Kaf bis den 31.12.2009! D'Ufro muss bis spéitstens den 31.03.2010 gemach gin. Mei Info an den Formulaire fannt Dir hei.
- dass et vill Geschäfter gi, déi dem Client keng Pläng an och keen Detail beim Devis mat dobäi ginn! Sou kann een natierlech och net kontrolléiere wat een dann do ugebuede krut!! Am noen Ausland muss een souguer bezuele wann een eppes well mathuelen! (komesch, komesch) Mir hunn näischt ze verstoppen, well bei eis kritt Dir alles mat!
|