Dampgarer Virféierung
dampgarerEen Dampgarer ass ee "Must" fir an all Kichen!; Op Single, Hausfra/mann, Hobbykach oder fir d'ganz Famill,jidderee kann et léieren, well et get näischt méi Liichtes! All 6 Woche bidde mir "eise Clienten" eng Virféierung vum Dampgarer an dat mat groussem Erfolleg!

An eisen neie Raimlechkeeten, hei zu Bartreng, verbrénge mir zesumme mat Iech ee gesellegen Owend mat vill Spaass! Gudden Honger a gutt Laun, dat muss Dir matbréngen. Fir de Rescht ass gesuergt! 

't Gerät wou mir presentéieren ass de Kombi-Garer vun Electrolux, dat heescht een normale Schäffchen matt der zousätzlecher Fonctioun vum Dampgaren!, brauch awer kee Waasseruschloss!

Dir kënnt also ären normale Schäffche mam Kombi-Garer ersetzen! (Hutt Dir elo Interessi dorun, da kënnt Dir Iech "hei"  umellen. (et kann zu längeren Waardezäite kommen)  loosst eis méi gesond kachen a probéiert mat eis wei gutt dat schmaacht!
 
Copyright © 2007 KicheConcept.lu