Qualitéit vu Modium

Ënnerscheed


ImageWatt ënnerscheed eng Modium Kiche vun anere Marqueskichen ?

Fannt et selwer eraus! Unhand vu folgende Beispiller giffe mir Iech gäer weisen, wat "made in Germany" fir är Kiche bedeit.
Matt der Hëllef vu modernster Fertigungstechniken stellen ons qualifizéiert Mataarbechter Miwwel hier, déi sech nëtt nëmmen duerch hieren aussergewéinlechen Design, ma besonnesch och a punkto Veraarbechtungsqualitéit deitlech vun der Masse ofsetzen.
D'Modium Kiche bestiechen duerch technesch Innovatiounen, an och duerch traditionellt handwierklech Kënnen.

Fuerwen/Holzaarten


Image
Klick op d'Bild fir méi grouss
Image
Klick op d'Bild fir méi grouss
Fuerwen

Eng Modium Kiche léisst sech faarfflech perfekt mam Wunnraum ofstëmmen. Egal op Trendfuerf oder eng klassesch Fuerf, eng Modium Kichen offréiert déi klengst Fuerfnuancen. Wiem dat alles nach nett genug ass, dee kann och nach d'Kante fun senger Front faarfflech ervirhiewen. Wëllt Dir am Plaz vun enger Dekorfront léiwer eng lackéiert Front sou ass dat an all Fuerftéin méiglech.

Wann Dir ons ee Muster gidd, kënne mir de Fuerftoun unhand vun deem Muster erstellen.

Folgend Lackflächen gëtt et: Mattlack glat, Strukturlack an Héichglanz Lack

Onseren Holzdekor ass eenzegaarteg.

Fir all Wunntyp offréiere mir dee passenden Holzdekor. Op dir e "liewegen" Akzent setze wëllt oder awer eng wunnlech Wiermt vun enger Holzoptik préferéiert - matt engem Modium Kichen Holzdekor hutt Dir all Méiglechkeeten. All Holzdekor si besonnesch liicht ze botzen a resistent.

Fouen


ImageModium Kichen leet grousse Wäert op riit an eenheetlech Fouen

All Fronte gi kommissiounsweis hiergestallt. Sou kënnen all Frontenhéichten realiséiert ginn. Um Beispill lénks (Héichschaf matt de verschiddensten Abbaugeräter, Mikrowellen, Tellerwiermer, héichkant Spullmaschinne, Bakuewen, Frigidairen an Truhen) sinn d'Opdeelung an Frontenhéichten esou ugepasst ginn, datt sech ee riicht Fouebild ergëtt.
Modium Kichen bitt och bei der Frontenopdeelung Flexibilitéit op héichstem Niveau unn. Matt manner sollt dir Iech net zefridde ginn.

Tiräng


ImageImageDesign ass bei Modium Kichen nett nëmmen eppes watt ee vu bausse gesäit

Ons Tiräng hunn entweder op Wonsch Säitendeeler aus Metall oder Glas a sinn och matt enger " Doppelreeling" ze kréien. Doraus ergi sech déi verschiddenst Bannenusiichten. Airmatic-Stoussdämpfer garantéieren datt Tiräng ouni Geräisch op an zou ginn. Et kann een d'Tiräng jee no Breet matt bis zu 80kg belaaschten.

Spull


Imagedat eenzegaartegt Modium Kichen Spullback Abauweis

Dëst speziell Aart a Weis erméiglecht datt de Spullsteen ouni Fouen a komplett bündeg matt der Aarbechtsplack ass. De Rand vun der Spull läit also nett ënner de Aarbechtsplack, ma exakt op gläicher Héicht dovunner.

Eng absolut Dichtegkeet gëtt vun ons garantéiert. Keen anere Kichebauer beherrscht dëst Abbauweis matt esou enger Perfektioun.

Fronten


ImageMir garantéiere bei all Holz-Dekor Schichtstoff an Echtholz furnéierte Fronte banne vum Schaf vun uewen no ënnen ee gläichméissege Maserungsverlaf

Corpus


Image19 mm déck Corpusdeeler

All Deeler, nett nëmmen d'Front, sinn aus 19mm décke Placken (normal 16mm) matt 2 mm déckem ABS-Virkanten gefäerdegt. Dowéinst ass eng gréisser Stabilitéit vun de Schief an dem Ophänkmeschanissmuss garantéiert. Ob Wonsch kënne mir all iewescht Schief, bannen a baussen, an egal wéi enger Frontfuerw geliwwert ginn. Déi iewescht Schief déi un der Mauer hänken hunn alleguer och eng 19mm déck Réckwand.

Perfektioun och op der Schafrécksäit:

Ob Wonsch 19mm déck Réckwänn (bei Schief déi un der Mauer hänken), agenut a verschrauwt. D'Schief déi opgehaang gi si matt Metallschinnen sécher montéiert. Den Ophänkmechanissmuss sëtzt verstoppt hanner der Réckwand an ass vu bannen nett ze gesinn.

 
Copyright © 2007 KicheConcept.lu